Stellungnahm vun déi Lénk Stad zum Verleeën vun Granitsteng aus China an der Alstad.

Gemengerot Stad Lëtzebuerg vum 21.Mäerz 2016

Stellungnahm vun déi Lénk Stad zum Verleeën vun Granitsteng aus China an der Alstad 

Ech wëll hei d‘Problematik vun de beigen Granitplacken opwerfen, mat deenen d’Alstad soll ofgedeckt ginn, an déi aus China kommen.

China an Indien hunn zanter den 90er Joer den Export vun Natursteng massiv viru gedriwwen, wat als Konsequenz hat, dass d’Carrièren an Europa eng no deeër anerer zougemaach goufen.

Mir hunn hei en typesche Fall virun Aen, wou bei enger Soumissioun ewéi mat Scheiklappen just de Präis a Betracht gezu gouf an all aner Facteuren negligéiert gi sinn.

  • Do ass emol als éischt de soziale Facteur, ënnert wéi engen Aarbechtsbedingungen déi Steng ofgebaut ginn.

Fir d’Gemidder ze berouegen, hu mer eng Deklaratioun vun der Firma BESCO (Berliner Steincontor) virleien, déi di Steng importéiert, wouran verséchert gëtt, dass d’OIT-Konventioun 182 respektéiert géing ginn, déi di schlëmmste Formen vu Kanneraarbecht verbidd. Déi Formen sinn:

– d’Versklaven;

– d’Zwangsaarbecht;

– d’Prostitutioun;

– déi illegal Aktivitéiten, wéi z.B. den Drogenhandel;

– d’Aarbechten, déi der Gesondheet, der Sécherheet oder der Moral vun de Kanner kënne schueden.

Dat Engagement geet also eigentlech net ganz wäit: d‘OIT-Konventioun 182 toleréiert d’Kanneraarbecht a verbidd just déi schlëmmste Fäll dovun. Si liwwert soss keng Garantie, a schlecht Aarbechtsbedingungen fir Erwuessener ginn heivunner scho guer net beréiert.

Dat Engagement, vun der Firma BESCO, dat eis virläit, ass also guer net berouegend !

Et gëtt aner, vill méi strikt Zertifikatiounsstandarden, wéi z.B. Xertifix oder Fair Stone.

Bei deem lescht genannten Standard ginn och folgend Konventiounen vun der internationaler Aarbechtsorganisatioun vu Genève befollegt:

– d’Konventioun 138 iwwert de Mindestalter;

– d’Konventioun 148 iwwert d’Protektioun viru Loftverschmotzung, Kaméidi a Vibratiounen;

– d’Konventioun 155 iwwert d’Sécherheet an d’Gesondheet op der Aarbechtsplaz;

– d’Konventioun 170 iwwert den Ëmgang mat Chemikalien.

Gëtt den Importateur vun de Steng, mat deene mir hei ze dinn hunn, och déi weider Garantien? Mir wëssen et net!

Dann ass als zweet den ekologesche Facteur ze berücksichtegen.
Fir d‘éischt emol op der Plaz, wou déi Steng ofgebaut ginn. De Fair Stone-Standard berücksichtegt notamment och de Verbrauch vu Waasser an Energie oder d‘Waasserentsuergung. Doriwwer hu mer beim Importgeschäft vun „eisen“ Alstad-Steng och keng Informatioun.
Den ekologesche Facteur spillt och am Beräich Transport. Parallel zu den Engagementer vu Lëtzebuerg am Kader vun der COP21 fënnt am Schäfferot anscheinend keen eppes dobäi, tonneweis Steng iwwer zéngdausende Kilometer erbäi ze schafen, wou mer se dach kéinten aus Granitsteebrëch no bei eis, z.B. aus de Vogesen, dem Schwarzwald oder aus der Bretagne importéieren.

Als drëtt hu mer dee kulturelle Facteur : bei dësem Projet ginn an eiser Alstad Steng geluecht, déi awer och guer näischt mat der Geschicht vun deeër Alstad ze dinn hunn. Do lounge nämlech ëmmer Pavésteng aus der Géigend a keng lisse beige Granitplacken aus China.
Ech liesen am Kommissiounsbericht, dass d’Stad hir Pavésteng gutt versuergt a souguer déi
vu Privatleit opkeeft. Et wiere nämlech soss keng méi ze kréien, well all Carrièren zougemaach hätten.
Do muss ee soen: Bravo, gutt geschafft a Saachen ekonomesch Entwécklung an Europa!

Domat wär ech erëm bei deem ökonomesche Facteur zeréck ukomm: d’Reglementatioun aus der Fräihandelsideologie, mat deeër mer hei ze dinn hunn, ass esou bornéiert, dass se alles a Kaf hellt; Chômage, krass Ausbeutung vu Mënsch an Natur am Ursprongsland an domat Mëssuechten vu moralesche Prinzipien, d’Verschwanne vu ganzen Industriebranchen a vu kulturellen Traditiounen.

Dat eenzegt wat zielt, ass wéi vill eng bestëmmte Wuer kascht!

Mä esouguer bei deeër reng käschtenorientéierter Rechnung gëtt net alles consideréiert.

An dësem präzise Fall ginn nämlech déi Steng, déi dem Kommissiounsbericht no 200.000 Euro kaschten, während bis zu 6 Joer gelagert – et kënnt jo net all Moment e Schëff as China an Steng mussen all vun deeër selwechter Faarf a Qualitéit sinn an déi Faarf och behalen. D’Lagerung geschitt an engem Schapp op engem alen Industrieterrain, an de Loyer dofir beleeft sech, wann ech mech gutt erënneren (déi Konventioun stoung den 18. Dezember 2014 hei um OJ) op e bëssche méi ewéi 218.000 Euro [3000 Euro x 12 x 6 + 50 x 12 x 6].
Dat ass méi ewéi de Präis vun de Steng. Dee Loyer gëtt awer an der Berechnung net consideréiert.

Iwwregens gehéiert dee Schapp der Arcelor-Mittal, dem Nofolgerbetrib vun der Arbed, déi an den 80ger Joeren mat 20 Milliarden Staatsgelder subventionéiert gouf, an déi sech net genéiert, der Stad Lëtzebuerg fir dee Stockage op engem Industrieterrain dee se nach ëmmer net entsuergt huet, e Loyer vun 218.000 Euro ofzeknäppen!

Dës Affär weist, wéi schiedlech déi neoliberal Fräihandelsideologie ass: Wéinst dem Refus, all Facteuren ze consideréieren, ginn falsch Entscheedunge getraff, déi eiser Gesellschaft net nëmmen op ökonomeschem, mä och op sozialem a kulturellem a besonnesch och op moraleschem Plang massiv schueden!

Et gëtt a leschter Zäit zu Lëtzebuerg esou vill iwwer Wäerter geschwat.
Abee, hei ass e Fall, wou déi vill beschwuere Wäerter am richtege Sënn vum Wuert an Zukunft all Dag wäerte mat Féiss getrëppelt ginn.

Guy Foetz a Joël Delvaux

Stellungnahm vun déi lénk Stad zu der CSV – Motioun rue de Strasbourg

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe